image calendrier 2022-09-01

Ausfluch Gaart an Heem Miersch asbl

Léif Memberen vum Gaart an Heem Miersch,

 

De Sektiounscomité invitéiert Iech op en Ausflug an d’Saarland en Donneschdeg, den 1. September 2022.

 

Den Depart mam Bus ass um 9 Auer um Parking Schlasspesch zu Miersch.

 

Moies entdecke mir de Baumwipfelpfad (bei Orscholz) vu wou aus een eng schéi Vue op d’Saarschleife huet.

D’Mëttegiessen ass zu Merzig am Restaurant zum Schwan

Am Nomëtteg ass Geleeënheet fir de « Garten der Sinne » zu Merzig (Entrée : 4 Euro) kucken ze goen oder zu Merzig ze shoppen.

Retour ass virgesinn um 16 :30 Auer mat Arrivée zu Miersch géint 17 :30 Auer.

 

Dësen Tour organiséiere mir zesumme mat de Fraen a Mammen vu Miersch.

Fir Iech unzemellen, iwwerweist w.e.g. 60 Euro pro Persoun (Bus, Iessen an Entrée de Baumwipfelpfad) op de Kont CCPLULL LU89 1111 0740 5241 0000 (Gaart an Heem Miersch asbl) bis spéitstens den 24.8.2022. Kanner bis 10 Joer: 30 Euro.

 

Mir géifen eis freeën, Iech op dësem Ausflug däerfen ze begréissen.

 

Mat beschte Klenggärtnergréiss ,

De Sektiounscomité

Unsere Partner