
Ausfluch an d´Éislek mam Gaart an Heem Hunchereng-Fenneg-Näerzeng
Ausfluch den 30. Juni 2022 an d´Éisleck op Binsfeld an an de Shoppingcenter „A Massen“
Lass geet et den 30. Juni mueres um 8.30 Auer zu Näerzeng, duerno Hunchereng, Fenneng a Beetebuerg.
Fir d’éischt fueren mir op Binsfeld an de Musée Rural „A Schiewech“ fir eng Visite guidée vum Musée.
Hei hu mir dann och eist Mëttegiessen.
Wa mir dann gudd gies hun geet et weider an de Shoppingzenter „A Massen“. Hei as dann vill Zäit fir all di schéin Butteker ze besichen.
Mellt Iech w.e.g. un virum 15. Juni bei den Dammen FRIEDGEN Marie-Thérèse Tel: 51 54 11 oder SCHÜSSLER Maggy Tel: 51 45 95/ 621 136 435
an iwerweisst den Betrag vun 55,-€ pro Persoun op de Kont
CCPLLULL LU77 1111 0393 3247 0000
vun Gaard an Heem Hunchereng-Fenneng-Näerzeng