Ausfluch Gaart an Heem Uespelt
Gaart an Heem Uespelt
Ausfluch
De Gaart an Heem Uespelt hat fir Ufank Mee en Ausfluch organiséiert. Zu 39 Gardefrënn si mer mam ‚Ale Stater Bus‘ op d’Musel gefuer, wou mer eis um Fëschhaff zu Greiweldéng an d’Technik vun den ‚Aquaponics‘ aweie gelooss hunn. No enger spontaner Wäinprouf goung et op Mannebach virun, wou mer bei engem Grillteller d’Geleeënheet haten, nach eng Béierprouf hannendrun ze hänken.Ausklénge gelooss hu mer eisen Dagesausflug mat engem gemittlechen Openthalt zu Saarburg
