100 Anniversaire Gaart an Heem Echternach-Bäerdref
100 Jaouerfeier vun der Sektioun Gaart an Heem Eechternoach – Bäerdrëf .
D’Gaart an Heem – Sektioun vun Iechternach-Bäerdref huet sech kierzlech getraff fir séng 100 Joer ze feieren.
Si waren houfreg op dat lescht Joerhonnert vun hirer Grënnung de 16. Mee 1925 u bis haut zeréckzekucken.
Zënter der Zäit ass d’Zuel vun hiere Memberen konstant geklommen an et goufe vill Aktivitéiten zesumme gemaach, wéi d’Mammendagsfeier, e Filmnomëtteg, Kleeserchersdag oder eng Chrëschtfeier.
Ganz oft ass och en Ausfluch mam Bus fir e puer Deeg organiséiert ginn.
De jëtzege Comité besteet elo zënter 10 Joer, also e weidere Grond fir ze feieren.
Dat ass dann och, a Präsenz vun e sëllege Eiregäscht, mat Freed a gudder Laun gemaach gin
