CTF Lorentzweiler Une journée à la nature
Gaart an Heem Lorentzweiler asbl.
En Dag an der Natur: „Esou schmaacht d’Fréijoer“
Ënnert dem flotten Titel „Esou schmaacht d’Fréijoer“ stoung dëst Joer eisen traditionellen Dag an der Natur. Op véier Statiounen hu mir eis vun der regionaler Fréijoerskichen verwinne gelooss – mat Produiten, déi all an eiser Gemeng wuessen.
Um éischte Stopp op der Vëlospist gouf eng lecker Quiche mat frëschem Bärlauch zerwéiert, begleet vun engem aromatesche Bärlauchpesto. Am neie Pavillon bei der Spillplaz zu Hënsdref konnte mir dräi verschidde Kräiderbotteren genéissen – mat Dëll, Bratzelen, Péiterséileg a Rosmarin –, déi zesumme mat frëscher Baguette an engem Patt Hielännerlimonad oder Hugo mat frëscher Peffermënz zerwéiert goufen.
No engem kuerze Besuch am Gemeinschaftsgaart goung et weider an d’Bachlach bei d’Famill Hoffmann. Hei hu mir en Abléck an d’Spargelproduktioun kritt an duerno eng waarm, cremeg Spargelszopp geschmaacht.
Als Ofschloss stoung eng Statioun beim Veräinsbau um Programm. No Spargele mat Ham gouf et als Dessert e Stéck Rubbarbstaart – a fir déi, déi et e bësse méi staark gären hunn, nach en hausgemaachten Eerlikör an eng gudd Drëpp
(Deutsch) ©Malou-Ney-Colbert
