Eirung vun der Blummekinnigin
Eirung vun der Blummekinnigin
D’Gemeng Fluessweiler huet mat enger klenger Feier am Gaart hannert dem Gemengenhaus
d’Blummekinnigin 2025, Nathalie Ruppert offiziell geéiert. Zu dësem Ulass gouf eng Rous zu hiren Éiere geplanzt. Eng Plack mat hirem Numm erënnert un dëse spezielle Moment.
