Regional Süden – E flotten Dag an der Natur zu Peppeng
Regional Süden – E flotten Dag an der Natur zu Peppeng
De Comité vun der Regional Süden huet, no enger klenger Paus, all Sektiounscomitéen aus dem Süden dëst Joer nees op den traditionellen Dag an der Natur invitéiert.
RDV war de Samschdes 21. Juni 2025 virum Kutschemusee zu Peppeng fir eng Visite guidée mat villen Anekdoten zu de Kutschen an Zubehör. Duerno goung et duerch de Klouschtergaart mat ganz flottem ëffentlechem Geméisgaart an de Restaurant. Gutt gestäerkt stoung dann nomëttes de Baueren- an Handwierksmusée mam Baueregaart um Programm.
Insgesamt e ganz flotten Dag bei guddem Wieder, vill Infoen an awer och engem flotten Austausch.
