image calendrier 2023-06-11
image horloge 8 Jours
image marqueur Toscana

Eng Rees op Mooss fir d’Amis de la Fleur Bartreng

De Comité vun den AMIS DE LA FLEUR Bartreng
huet déi grouss Freed, no der Pandemie, erëm ee gréisseren Ausfluch am Joer 2023 vum

11. Juni bis den 18. Juni 2023 an
Toskana,
mat ville Besichtegungen

ze organiséieren.
De viraussiichtleche Programm ass:

Sonndes, den 11-6-23,
vun ärem Doheem bis op de Findel, vun do mat der Luxair, um 12:40 Auer op Florenz (LG6521) Arrivée um 14:30 Auer
Hei waart de Guide op ons. Mir fuere weider op San Miniato al Monte bis op
Montecatini an onsen Hotel, den GRAND HOTEL VITTORIA ****,
wou mir zesummen den Aperitif huelen, an duerno an Hallef Pensioun (mat Gedrénks) zu Nuecht iessen.

Méindes, den 12-6-23 (2.Dag)

Depart vun der guidéierter Visitt op Voltera. e.a. de Palais Priori, Piazza S.Giovanno
Mëttegiessen ass jidderengem iwwerlooss. Nomëttes Weiderfahrt op Torre del Lago.
Duerno Réckfaart op Montecatini an 1/2 Pensioun, mat Gedrénks.

Dënschdes, den 13-6-23 (3.Dag)

Depart vun der guidéierter Visitt vu Siena mat sengem historeschen Zentrum etc.
Duerno ass Jiddereen fräi, iessen ze goen.
Nomëttes guidéierte Visitt vun San Gimignano
Hallefpensioun am Hotel zu Montecatini („“““ dîner tardif““““)

Mëttwochs, den 14-6-23 (4.Dag)

Guidéiert Visitt vu Chianti a senger Géigend,
mat Waïndegustatioun an engem typeschen Iessen an engem Restaurant aus der Géigend.
Duerno Hallefpensioun, mat Gedrénks, am Hotel zu Montecatini

Donneschdes, den 15-6-23 (5.Dag)

Guidéiert Visitt vu Florenz etc. Mëttegiessen fräi.
Owends; Hallefpensioun, mat Gedrénks, am Hotel zu Montecatini

Freides, den 16-6-23 (6.Dag)

Guidéiert Visitt vun Lucca an Pietrasanta. Mëttegiessen ass fräi
Hallefpensioun mat Gedrenks am Hotel zu Montecatini.

Samschdes, den 17-6-23 (7. Dag)

Kaffi am Hotel. Fräie Mueren zu Montecatini.
Mëttegiesse mat Gedrénks am Hotel.
Nomëttes guidéiert Visitt vu Pisa (mat dem Zichelchen vum Parking an den historeschen Zentrum vu Pisa). Hallefpensioun, mat Gedrénks am Hotel zu Montecatini.

Sonndes, den 18.6-23 (8. Dag)

Kaffi am Hotel. Fräizaït bis den Transfer op de Flughafen.
Depart vun der Luxair um 15:10, Arrivée um Findel 17:05 (LG 6522)
Réckfaart bei iech heem

De Genaue Programm op Ufro !

 

Prestatiounen sinn:

Vun doheem aus fort an zréck, Aller/retour mat der Luxair, 7 Nuechten zu Montecatini Terme, Aperitif zu Montecatini , taxe séjour am Hotel, Déjeuner mat Gedrénks am Hotel, Waïndegustatioun zu Gimignano, Déjeuner typique mat Gedrénks zu Chianti, Guidéiert Visitten zu: Volterra, Siena, San Giminiano, Chianti, Florenz, Lucca, Pisa.Visitten vun der Galerie des Offices. Entrée vun der Kathedral zu Siena, frais de réservatioun fir d’Entrée vun der Galerie des Offices, Entrée fir de Baptistère zu Florenz, frais op den Entréebilljeeën vun den Offices,
1 Autocar fir ons eleng, 1 Begleeder fir déi 8 Deg, écouteur fir 6 Deeg zu Montecatini, visite vum Alabasteratelier zu Voltera, Degustation vun typischen Produkter aus der Gegend vu Chiani an de kléngen Zichelchen vum Parking an den historeschen Zentrum vu Pisa an selbstverständlech all Drënkgelder.

Net am Präis ass eng ASSURANCE.
Et ass awer recommandéiert, fir all spéider Onkäschten, zB. bei Annulatiounen, Perten asw., ze vermeiden onbedéngt eng Assurance, entweder bei ons (Voyages Flammang, La Bâloise) oder soss iergendwou ze maachen . Bei Annulatiounen zielen Bestëmmungen vum Reesbüro Flammang.
Den Organisateur hält sech d’Recht vir, Ännerungen virzehuelen.

De Praïs pro Persoun vum Ausfluch ass 2000.-€ (stand 17.8.2022) fir Member, an de conjoint.
– Eenzelzëmmer: 2300.-€ fir Member (stand 17.8.2022)
– Deelhuelen mussen: Mindestens: 20 Persounen, Maximal : 35 Persounen

Am Fall vu Präisaugmentatioune, ginn déi op déi eenzel Member verrechent (z.B. Sprit, Entrée etc)
– Déi Persounen, déi net virum 1. JULI 2022 Member vun den Amis de la Fleur Bartreng waren,
– bezuelen pro Persoun 2360.- € Duebelzëmmer – Enzelzëmmer op Nofro (Drënkgelder etc.) abegraff.

– Een Acompte, deen zielt als UMELLDUNG, vun 500.- € pro Persoun ass
– virum 23. September 2022 ze iwwerweisen op de Konto vun der

CCPL IBAN LU98 1111 0060 0285 0000
oder
BCEE IBAN LU15 0019 4055 2595 3000

De Comité

Unsere Partner