Beschreibung der Sektion

Den Gaart an Heem Wecker besteet zënter 1947

 

De Gaart

E Stéck Natur

E Stéck Kultur

 

EISEN AKTUELLE KOMITEE

WEYER-PORTZ Romaine, Presidentin

CONTER Roland, Vice- Président

MAI Léa, Caissier

Schmit-Marx Monette, Secrétaire

BREBBELS Maggy, Membre

ETRINGER Marianne, Membre

FRIDEN Gaston, Membre

MERGEN Nicole, Membre

PUNNEL Josée, Membre

 

Zou eisen regelméissegen Aktivitéiten zielen:

– Generalversammlung

– Sammelbestellungen vun Geranien, Petunien, Buedem an Dünger fir een interessanten Präis

– Mammendagsfeier

– Ausflich vun engem oder méi Deeg

– Village Fleuri

– Danz an den Hierscht

Beplanzung an Ënnerhalung vun 3 Coupen mat Blummen während dem Summer bei der Wecker Kierch an um Dräieck op der Wecker Gare. An och d‘Breck bei der Coboulux ) gëtt vun eis geplanzt an ënnerhalen.

Mir maachen awer och mat wann een Club aus der Gemeng een Tournoi organiséiert (Dëschtennis, Fiederball oder Keelen)…..

Geleeëntlech organiséieren mir awer och:
– Kachcours’en

– Coursen fir d’ Blummen Arrangementer ze maachen

– Village Fleuri  (Roulement vun 2 Joer)

 

Historique– Archiven

Scho virum Krich huet den Här Reding aktiv an der Sektioun Biwer/Wecker matgeschafft a gläich nom Krich, de 26.1.1947 huet hien mat nach  e puer Idealisten d‘Sektioun Biwer/Wecker nees nei an d‘Liewe geruff. Wéi déi Sektioun du ze grouss ginn ass, goung d‘Initiative vun him aus fir hei zu Wecker eng eege Sektioun ze grënnen, wat du och de 28.6.1951 geschitt ass.

Presidenten vum Veräin waren:

Jules Mertens, Mme Hilger, Biwer Jos, Mehlen Anni,

Weyer-Portz Romaine

 

Aus dem Archive:

27.9.1969 1ten Kachcours
20.3.1982 – Bal am Fancy 3 Veräiner Gesang, Gaart an Heem a Fescherclub
30.4.1982 – Meebal mat deenen 3 Veräiner
Bitzkursus mat dem Margot Klopp vum 14.11.1983-14.3.1984 3 Kursen pro Woch
26.2.1983 Fuesbal am Fancy
8.2.1984 Neklosbal 3 Veräiner
1997,1998,1999 Italienisch Kachcours mat Lino Seghetto an Equipe
2003 Kachcours mam Joel Schaeffer
2004 Iessen fir den Bocuse d‘Or 8 Owender am Februar
2004 Kachcours mam Damien Klein
2005 Kachcours mat der Cegedelskichen Corinne Flammang & Martine Willems
2008 Kachcours Romain Damiani
2016 an 2017 Kachcours Rocco Colantuono
2019 an 2020 Sushi Cours mam Boris Merens
Der teschend haten mir awer och e chinesischen Cours an een franzéichen mat Marc Fideler

Eisen gréissten Erfolleg war den Kölnerowend deen mir 10x an all Kéiers mat Succès organiséiert hunn

2x am Dezember an 1x am Fréijoer haaten mir e
Blumengesteckcours
mam Nicole Bohnenberger-Pundel

an een Orchideen cours mam Maire-José Da Silva

 

Gebuertsdag gouf gefeiert:

1976 , 1999, 2007, 2012, 2017, 2022

www.ctf-wecker.lu

Unsere Partner