Section

Wiltz Amis de la Fleur

Beschreibung der Sektion

Gaart an Heem, Les Amis de la Fleur Wiltz
Eise Veräin ass 1925 gegrënnt gin. Bei de Feierlechkeeten fir eisen 100. Gebuertsdag hu mer 2025 eis Rous „Aura Rose“ deefe gelooss. Mir schaffe vill zesumme mat anere Veräiner zu Wooltz.

Eis Projeten:
• Gaardebibliothéik
Bei eis kritt Dir gratis Bicher iwwer Gaart, Planzen, Blummen, Natur, Beem, Klengdéieren an alles wat mat Gaart an Heem ze din huet an Dir kënnt och esou Bicher ofgin.
• Iessbar Stad
E Gemeinschaftsgaart fir Wooltz vun Transition Nord an Amis de la Fleur
• Klengdéieren am Gaard
Informatiounsstänn op de Klengdéierenausstellungen zu Wooltz a Berodungen vun den Amis de la Fleur an de Weeltzer Klengdéierenziichter, wéi een niewt Uebst a Geméis och Eer a Fleesch am Gaart kann zillen an esou zum Selbstversuerger gin oder einfach e puer Klengdéieren als Hobby am Gaart halen

Eis Aktivitéiten:
• Bamschnëttcouren
• Mammendagsfeier
• Emdëppen vun Zëmmer- a Kiwwelplanzen um Do it yourself Festival vun Transition Nord zu Wooltz
• Participatioun um Risekürbis-Concours um Kürbisweekend vun de Bierenger Kürbisfrënn zu Biereng
• Verkaf vun eiser Rous „Aura Rose“

Mir hun nach vill flott Idien, sou dass an den nächste Joren nach eng Rei Aktivitéiten dabäi kommen. Mir sin ereechbar um Telefon 621 131 902

Unsere Partner