Blummeconcours 2022 zu Dikrich

Och dëst Jor hat de Gaart an Heem Dikrich rëm an Zesummenaarbecht mat der Gemeng, dem Syndicat d’Initiative an der Union Commerciale e Concours lancéiert fir déi schéinste Virgäertercher Blummefassaden ze priméieren.
Den 10 Oktober war d’Preisiwerreechung  am Festsall vun der Grondschoul. Als Präisser goufe Akafsbongen iwwerreecht. Déi 4 Éischt kruten Bonge vun 150, 100 a 50 EURO. All déi Aner kruten als Troustpreis e Bong vu 25.- EURO. Jiddereen krut och nach d’Brochure “Der Boden lebt”.

Hei déi 4 Éischt: Carlo Baum, Marguerite Bierchen-Schmit, Romain Dillmann, Famille Pierre Bastendorff-Haentges.

Nos partenaires