image calendrier 2023-03-04

Gaart an Heem Uespelt – Generalversammlung

De Comité vum Gaart & Heem Uespelt invitéiert Iech häerzlechst op hir

Generalversammlung

Um 19.30 Auer am Centre Polyvalent an der Schoulstrooss zu Uespelt

Dagesuerdnung:

  1. Begréissung
  2. Tätegkeetsbericht vum Sekretär
  3. Keesebericht vum Tresorier
  4. Bericht vun de Keeserevisoren an Entlaaschte vum Comité
  5. Wiel vun de Keeserevisoren fir dat neit Joer
  6. Festleeë vum Beitrag fir datt neit Joer
  7. Neiwal vum Comité
  8. Ausbléck op dat neit Joer
  9. Fräi Aussprooch
  10. Usprooch vun den Éiregäscht
  11. Verkaf an Zéiung vun eiser Tombola beim gemittleche Patt a Maufel

Fir dass eise Veräin nach ka viru bestoen, siche mer dringend e puer Leit fir an de Comité. Wann dir Freed huet un der Natur, u Blumme, Gaart an Uebst, dann mëllt Iech bei eis.

Schwätzt roueg virdrun mat eis an informéiert Iech.

Kandidature fir an de Comtié gi bis Ufanks der Versammlung ugeholl.

 

DMir freeën eis, Iech no e puer Joer endlech erëm ze gesinn!

De Comité

Nos partenaires