Section

Uewerkäerjeng asbl

Description de la section

„Gaart an Heem Uewerkäerjeng“

Charakteristesch fir de „Gaart an Heem Uewerkäerjeng“ – mat ronn 300 Memberen an der Gemeng Käerjeng duerchaus schonn eng kleng lokal Gréisst, – sinn e sëllegen, villsäiteg a villfälteg Aktivitéiten, mat deenen seng dynamesch Ekipp ëmmer nees op een neits, jonk an nach méi jonk, ze begeeschtere weess.
Aktiounen, Ausflich a Formatiounen kommen dobäi net ze kuerz, Traditiounen, Frëndschaft a Gesellegkeet ginn hei och nach gelieft: Fester gi gefeiert ewéi se falen an dee gudde knusperege „gebakene Fësch“ (et gëtt deen ëmmer um Weekend vu Mariä Himmelfahrt) ass bis wäit iwwer déi lokal Grenzen eraus bekannt.
Sidd dir elo fuerwetzeg oder interesséiert, respektiv Interaktioun an Zesummenhalt si Wäerter, fir déi Dir Iech vläicht esouguer mat ons zesummen asetze wëllt, dann zéckt net fir un ons erunzetrieden: och an onsem Comité sinn nei a motivéiert Memberen ëmmer erëm ganz häerzlech wëllkomm.

Nos partenaires