Wort der Präsidentin

Léif Klenggäertner alleguer,

E grousse Merci nach eemol all deenen, déi zu onsem flotte Kongress zu Schieren bäigedroen hunn.

Dir fannt an dësem Heft de Kongressbericht, en ass laang a vläicht net ëmmer spannend ze liesen, et ass awer fir all ons Memberen d’Geleeënheet gewuer ze ginn, wat am lëscht Joer bäi ons gelaf ass a wat fir Projeten usti fir dëtt Joer.

 

Et sief och nach eemol un de Weekend vun der oppener Gaardepäertchen erënnert, dat ass vum 5. bis de 7. Juni. Et hunn sech schonn eng ganz Rei Leit gemëllt, fir hir Gäert opzemaachen, an ech hoffen, datt vill vun iech vun där Geleeënheet profitéieren, sech z’inspiréieren.

 

Dann well ech nach eng Offer fir all déi Sektiounen ernimmen, déi gréisser Pläng an hirer Cité Jardinière hunn, Hecke planzen, Beeter uleeën asw. D’Agence du Bénévolat vermëttelt mat hirem Service „corporate volunteering“ Fräiwëlleger, déi vun hirer Firma fräigestallt ginn, fir bei sou enger Aarbecht matzemaachen, also ouni datt si musse bezuelt gi vun de Sektiounen. Wann dir interesséiert sidd, mëllt iech bei der Agence, madame Leonie Untereiner, Telefon 26 12 10 30 oder per Mail: leonie.unterrainer@benevolat.lu.

 

Am Gaart geet et elo richteg lass, et bleift mer, iech all eng erfollegräich Saison ze wënschen, vill Spaass bei deene sëllege Feierdeeg an dëse Méint, an alle Mammen alles Guddes fir hire besonneschen Dag.

 

Martine Mergen

Presidentin vun der Liga Gaart an Heem

Unsere Partner