Le mot de la présidente
En duerchwuessene Leitartikel
Léif Klenggäertner alleguer,
Lo ass de Summer bal eriwwer mat senge Wiederkapriolen, eng duerchwuesse Gaardesaison hate mer wuel. Et ass also un de Preparatiounen fir den Hierscht, an der Liga denke mer un ons Manifestatiounen bis Enn des Joers, an, och schonn, un onse nächste Kongress an der Stad.
Ier mer awer an d’Zukunft kucken, well ech e kuerze Réckbléck op ons Oppe Gaardepäertchen maachen: och hei hate mer duerchwuessen Echoen: Wärend ee Gaart am Süden nëmmen een eenzege Visiteur hat, sou hat en anere Gaart am Osten, dee fir d’éischt matgemaach hat, 80 Visiteuren! Wéi all Joer hate mer ons am Comité opgedeelt, ech war am Norden ënnerwee, an do war ech och net eleng an de Gäert. Déi Familljen, déi sech d’Aarbecht „bal“ fir näischt gemaach huet, huet gesot, et misst méi Reklamm gemaach ginn, ma ausser onser Zeitung hu mer keng Méiglechkeet, wann net mol e Reporter, sou wéi dat schonn de Fall war, zoufälleg op d’Iddi kënnt, eppes ze bréngen. Bezuelte Reklamm um Radio oder an den Zeitungen kënne mer ons eben net leeschten!
Ech well awer trotzdeem all deene Merci soen, déi och dëtt Joer rëm matgemaach haten, an, wat d’Suggestioun ubelaangt, den Datum ze änneren, sou muss ech kloerstellen, datt et sech ëm en internationalen Datum handelt, dee mir net kënne festleeën. Mir hoffen, datt dir och dat nächst Joer rëm dobäi sidd!
Ech hunn och nach e puer aner “duerchwuessen” Neiegkeeten, déi ech iech leider muss matdeelen. Och dëtt Joer ass de Ministère, dee mer virgesinn haten, rëm ofgesprongen, also kee Sponsoring fir onst Täschebuch, an doriwwer eraus huet ons finanziell Situatioun sech esou verschlechtert, datt mer d’Täschebuch am Verglach zum leschte Joer nach eemol mussen ofspecken! Mir erklären dat alles méi genee op onse Regionalversammlungen, ma, ech kann iech soen, ech war a Panik geroden mat onse Kontestänn! De Landwirtschaftsministère huet ons op eng flexibel Aart a Weis no senge Méiglechkeeten ënner d’Äerm gegraff, an dofir soe mir him villmools Merci.
Ech kommen lo grad vu Cambridge erëm, wou d’Generalversammlung vun der internationaler Klënggäertnerfederatioun war, an et waren och bis op Japan all Länner vertrueden. All déi aner Länner hunn änlech Probleem wéi mir, besonnesch de Mangel u Gaardeland mécht ons all traureg. Et war och déi éischt Generalversammlung, bei där d’Malou Weyrich net méi Generalsekretärin ass, an ech well net vergiessen, him am Numm vun onser Liga e grousse Merci soen fir säin Asaz an der Federatioun wärend all deene Joren. Mir wäerten Lëtzebuerg als Sëtz vun der Federatioun weider promouvéieren, well schliisslech ass se 1926 hei gegrënnt ginn!
Eng richteg gutt Neiegkeet hunn ech bis zum Schluss gehalen: De 17. September um 16 Auer ass et souwäit an ons nei Rous kann zu Mënsbech bei de Lëtzebuerger Rousefrënn op den Numm ‚Gaart an Heem‘ gedeeft gin, den Otmar ass Pätter an ech Giedel. Mir si frou an houfreg, datt dëse Projet lo ukënnt. Dir fannt an dësem Blietchen eng Invitatioun op Mënsbech a mir hoffen, datt der zu dacks dobäi sidd.
Inhaltlech hu mer dann och onse Positiounspabeier ofgeschloss a schécken en un d’Parteien an d’Press. E resuméiert ons Erwaardungen un d’Politik a fuerdert natierlech méi Land fir Gäert ze schafen. Dir fannt en op onsem Internetsite, mir wieren natierlech un äre Kommentaren interesséiert.
Onse Kommitee mécht wat e kann, datt ons Aarbecht an zimmlech schwéieren Zäiten viru geet: mir rekrutéieren en neie Gaardeberoder, an eng Persoun fir d’Madamm Keup ze ersetzen, béides net sou einfach. Mir waren iwwer déi lëscht Méint och gesondheetlech e bëssi deziméiert, a wiere frou, wann den een oder aneren sech hei an do géif proposéieren, fir ons als Bénévole eng Hand mat unzepaken. Wie weess, vläicht hutt der jo och an ärem Bekanntekrees déi Persoun, déi sech géif fir dem Ben Marbes sei Posten interesséieren. All Hëllef ass wëllkomm!
Mir wëllen awer dofir net an d’Flemmsegkeet verfalen, a wënschen iech alleguer eng schéin Hierschtsaison an dat richtegt Wieder fir är Kulturen!
Fir de Nationalkommiteee vun der Liga
Dr. Martine Mergen
Presidentin