Wort der Präsidentin

Léiw Klenggäertner alleguer,

 

Um Enn vun dëser Summersaison kënnt dann ons 3. Zäitschrëft an der neier Form, an ech hoffen, si gefält iech. Mir si besonnesch frou, datt mer sou vill Aktivitéite vun onse Sektiounen dran hunn, a soen all de fläissege Reporter Merci.

 

Well onst Blietchen lo sou schéi faarweg ass, a well d’Rapporte vun onse Conseilssëtzungen emmer réischt mat vill Retard publizéiert ginn, huet de Conseil decidéiert, si an Zukunft just op ons Internetsäit ze setzen, da kënnt der se éischter liesen. Den Zougang zu de Berichter gëtt och vereinfacht mat engem QRcode an der Zeitung, déi der just musst mat ärem Handy knipsen, a schonn hutt der se. Da gesi mer och, wivill vun iech d’Rapporte wierklech liesen, schliisslech si se awer zimmlech langweileg .

 

E wichtege Sujet wier dann och d’Ofstëmmung vun de Gewënner vun onsem Concours „Luxembourg Urban Virgäertchen“. D’Prozedur ass jo déi, datt d‘Kandidaten

eng Foto vun hirem Virgäertchen, Balkon oder enger Baaminsel an der Strooss, déi se beplanzt hunn, eraschécken, da gëtt eng Preselektioun vun onser Jury gemaach, an déi definitiv Ofstëmmung iwwer d’Gewënner an deenen dräi Kategorië maacht dir all selwer um Internetsiteevun der LUGA. Leider huet de Concours sech e bëssi verschleeft, ma och am Juli si nach vill schéi Blummen an der Bléi.

 

Wann et e Succès geët, wëlle mer dat an Zukunft all Joer maachen, vläicht landeswäit, dat wier dann eng würdeg Nofollech vun den traditionelle Villes et Villages fleuris, déi jo leider net méi iwwerall stattfannen.

 

Mir wënschen iech all eng gutt Rekolt an eng spannend Lektür.

 

Martine Mergen

Presidentin vun der Liga Gaart an Heem

Unsere Partner