Léiffrawëschdag zu Schieren

Gaart an Heem vu Schieren hat dëst Joer drop gehalen, fir eng al Traditioun weider liewen ze loossen. Léiffrawëschdag mam Krautwësch ass jo 2020 op den nationalen Inventar vun den immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg geholl ginn.

Fir de Wësch ze präparéieren, goufen am viraus allerhand Kraider, Fruucht, Geméis op dem Feld, am Gaart a Bësch gesammelt an doraus goufen den Dag virum Fest an enger gudder Ambiance eng Partie „Krautwësch‘er“ gebonnen. Zesummesetzung an d’Zuel vun de genotzte Planzen ass net genau festgeluecht an all Wësch ass een Unikat, schonn eleng well an der Natur keng Planz d’selwecht ausgesäit wéi déi aner. Niewent dem Ausgesinn ass de Geroch vun engem Wësch ee Genoss. All d‘Planze maachen aus dem Wësch ee Fest vun de Sënner.

Op Maria Himmelfaart sinn an der Mass déi vill Wëscher vum Paschtouer geseent ginn a no der Mass konnten all d’Leit sech hiren Wësch mat Heem huelen.

Zur Traditioun gehéiert et dass ee klengen Don ka gemaach ginn, dee vu Gaart an Heem un eng sozial engagéiert Hëllefsorganisatioun weidergeleet gëtt. Dëst Joer sinn d’Suen fir d’Fondatioun fir kriibskrank Kanner bestëmmt.

 

Unsere Partner