Visitt vum Grand-Duc am Matgesfeld

Héije Besuch den 31. Mee 2022 am Bielesser Matgesfeld, wou keen aneren ewéi de Grand-Duc Henri sech de participativen an nohalteg Chantier vun der neier Containerstruktur, esouwéi d’Gemeinschaftsgäert genee ugekuckt huet.

Zesumme mat der Ëmweltministesch Joëlle Welfring an dem Aarbechtsminister Georges Engel huet de Grand-Duc sech ee Bild vum ganze Site gemaach. Niewent Gespréicher mat einheimesche Gäertner a Kanner aus der Maison relais, duerften och d’Schwéngercher, d’Beienhaus an d’Zäre bei dëser jovialer Visitt net feelen.

Als klenge Kaddo krut de Grand-Duc eng Geméiskëscht aus dem Matgesfeld, inklusiv de Béierdeckele fir Nationalfeierdag 2021 iwwerreecht.

-> Link zu monarchie.lu für weitere Fotos

oder -> Link zu suessem.lu

Unsere Partner