Le mot de la présidente

Impressiounen an Informatiounen

Et ginn des Joren eng Hellewull vun 100. Gebuertsdeeg an onse Sektioune gefeiert, tatsächlech war et virun ongeféier 100 Joer, datt déi meescht Sektiounen, awer och ons Liga, gegrënnt goufen. Ech hat an hunn also déi grouss Freed, un Feierlechkeeten deel ze huelen, wann nëmme méiglech.

Ech war rezent zu Wolz an zu Déifferdeng, a, wann des Zäitschrëft eraus kennt, zu Bissen. Hei gesäit een, wéi vill Kraaft an onse Sektioune stécht, a wéi vill Aarbecht si leeschten, wann et drop ukënnt.

Nächst Joer ass dann och den 100. Gebuertsdag vun onser Liga, an dee feiere mer zesumme mat der internationaler Klenggäertnerfederatioun, déi jo och zu Lëtzebuerg aus der Daf gehuewe gouf. Schreift iech elo den Datum vun onser Séance académique an de Kalenner, de Samschdeg 3. Oktober 2026.

Well mer dann dat nächst Joer och eng gréisserer Publikatioun plangen, maache mer dëtt Joer keen Täschebuch, ma um Kongress am Fréijoer kritt der rëm sou en Exemplar wéi 2024, mat dem Update vun de wichtegen Informatiounen.

D’Regionalversammlunge ware gutt besicht, a mir soen de Sektioune Merci, déi se organiséiert hunn. Wa mer dann bis Enn Dezember keng Motioune méi era kréien, da si keng Fréjoersregionalen néideg, an da gesi mer ons am Mäerz zu Mäerzeg um Kongress.

Oppassen, en ass dee Weekend, un dem d’Auer geréckelt gëtt, ma mir hunn den Datum missen huele wéinst dem Sall.

Mir sinn elo um Enn vum Joer a sti virun de Chrëschtfeierdeeg, meng Lieblingssaison. Mat all dem, wat esou op der Welt lass ass, hoffen ech, datt dir, léif Klenggäertner mat äre Familljen e puer besënnlech a friddlech Stonne verbréngt, a wënschen iech, natierlech och am Numm vun de Kolleegen aus dem Verwaltungsrot dat Allerbescht fir 2026.

 

Martine Mergen

Presidentin vun der Liga Gaart an Heem

Martine Mergen

Presidentin vun der Liga Gaart an Heem

Nos partenaires