Kréinung vun der Blummekinnigin Angelina

Den 12.7.2023 huet d’Regional Osten op d‘Kréinung vun der Blummekinnigin Angelina invitéiert. Vill Invitéeën hunn deelgeholl. No der Begréissung vun der Presidentin vun der Regional Osten an der Ried vun der Vetriederin vun der Ligue huet Blummekinnigin Claire een Réckbleck  gemaach op hiert Joer als Kinnigin. Duerno war et dunn esou wäit, an d‘Kroun ass un déi nei Blummekinnigin Angelina weider gereecht gin, an sie huet och direkt e puer Wuert un d’Leit gericht. No der Kréinung huet d’Gemeng Wuermer op den Éierewäin invitéiert, an e puer flott Stonnen goufen zu Meechtem verbruecht.

E groussen Merci geet un Kellerei Pundel- Hoffeld dass mir Kréinung bei hinnen hunn dierfen maachen an un d‘ Gemeng Wuermer fir den Éierewäin

Nos partenaires